Hëllef:Erweiderung:Iwwersetzen/Iwwersetzungs Beispill
Iwwersetzer (main help page )
- Wéi iwwersetzen
- Bescht Praktiken
- Statistiken a Rapporten
- Qualitéitssécherung
- Zoustand vun de Gruppe vu Messagen
- Offline Iwwersetzung
- Glossaire
Iwwersetzungsadministrateuren
- Wéi eng Säit fir d'Iwwersetzung preparéieren
- Gestioun vun der Iwwersetzung vu Säiten
- Net strukturéiert Iwwersetzung vun Elementer
- Gestioun vu Gruppen
- Move translatable page
- Import translations via CSV
- Working with message bundles
System-Administrateuren an Entwéckler
Wëllkomm, léiwen Iwwersetzer. Et läit vill Aarbecht virun eis: loosst eis ganz séier iwwer dat Weesentlecht goen, fir datt Dir sou séier wéi méiglech ufänke kënnt.
Mir hoffen, datt vu wou Dir och hierkommt, d'Iwwersetzungs-Administrateure schonn eppes fir z'iwwersetzen ageriicht hunn. Dësen Tutorial benotzt d'"Fréttinga" Säit, déi am Tutorial fir Iwwersetzungs-Administrateuren erstallt gouf. D'Saachen, ëm déi et hei geet, hänken net vun dëser besonnescher Säit of, a gëlle fir alles wat Dir mat dësem Tool iwwersetze kënnt.
Vläicht krut Dir schonn e Link vun engem, deen Iech gefrot huet, eppes z'iwwersetzen. Wann net, kënnt Dir den Iwwersetzer-Dashboard, an Ärer Wiki kucken, fir eppes z'iwwersetzen. Wann Dir just luusse wëllt, wéi et allgemeng funktionéiert, kënnt Dir nach ëmmer viru liesen an d'Screenshotte kucke fir en Androck ze kréien.
Normalerweis kënnt Dir net iwwersetzen, ouni eng Permissioun unzefroen. E puer Wikien hunn d'Iwwersetzung awer fir all Benotzer erlaabt. Dir wäert et séier mierken, wann Dir d'Rechter fir z'iwwersetzen net hutt. Wann dat de Fall ass, kontaktéiert en Iwwersetzungs-Administrateur vun Ärer Wiki. Loosst eis ufänken, fir an d'Iwwersetzungs-Vue ze kommen.
- 1a Gitt op d'Fréttinga-Säit.
- 2a Klickt op de Link "Dës Säit iwwersetzen" (wann deen net ugewise gëtt, hutt Dir keng Erlabnis fir z'iwwersetzen).
Oder Dir kënnt probéieren:
- 1b. Gitt op den Iwwersetzer-Dashboard.
- 2b. Klickt op den Numm vun enger x-belibeger Noriichtegrupp, déi net iwwersat Messagen huet.
Messagen, déi z'iwwersetze sinn, sinn a "Gruppe vu Messagen" gruppéiert: all Säit déi iwwersat ka ginn, ass eng Grupp vu Messagen, awer et kënnen och aner Aarte vu Message-Gruppe sinn.
- 3. Wielt eng aner Sprooch wéi déi vum Quelltext (wat normalerweis Englesch oder
en
ass).
- Den Iwwersetzungs-Dashboard weist, datt Fréttinga nach net iwwersat ass: Klickt op den Titel fir et z'iwwersetzen.
- Kuckt all net iwwersat Messagen.
Iwwersetzungs-Editeur
Dës Vue – a Variatiounen dovun – ass d'Basis-Interface mat där dir schaffe wäert. Déi laang Lëscht vu Messagen déi nach iwwersat musse ginn, kann Iech eventuell ofschrecken, awer zum Gléck brauche mir dës Lëscht net esou dacks ze kucken. Dir sollt hei op d'mannst e puer net iwwersat Message gesinn. Loosst eis Är éischt Iwwersetzung maachen. Klickt op eng Zeil fir den Iwwersetzungsediteur opzemaachen. Dir gesitt de Quelltext deen Dir iwwersetze musst, an en Textfeld wou Dir Är Iwwersetzung draschreiwe kënnt. Wann Dir op den éischte Message geklickt hutt, dee fir d'Säit Fréttinga opgelëscht ass, sollt als Inhalt "Fréttinga" do stoen. Well et en Numm ass, musst Dir et normalerweis net änneren, sou datt Dir et tel quel an d'Textfeld kopéiere kënnt. Wann Är Sprooch en anert Alphabet benotzt, kënnt Dir et transliteréieren. Klickt dann einfach op "Späicheren" an Dir sidd fäerdeg!
- 4. Klickt op den Numm vum Message an der lénker Kolonn.
- 5. Schreift am Editeursdialog d'Iwwersetzung vum Quelltext op déi Plaz, déi dofir virgesinn ass.
- 6. Klickt oder tippt op Iwwersetzung publizéieren .

Ofhängeg vun der Konfiguratioun vun der Wiki, kënnt Dir – ausser dem Quelltext – och nach aner Saachen am Editeur gesinn. Et kënnen e puer Virschléi aus der Iwwersetzungsmemoire oder vun enger Maschinneniwwersetzung sinn. Et kann eng Rubrik mat Tuyaue ginn, déi Iech wichteg Informatioune liwwert, déi Dir braucht fir eng korrekt Iwwersetzung ze maachen. Wann also Tuyauen do sinn, liest se gewëssenhaft. Wa keng Tuyauen do sinn an Dir fannt, datt Dir der braucht, dat frot een an der Wiki fir se bäizesetzen; wann Dir genuch iwwer den Text wësst deen z'iwwersetzen ass, füügt et selwer bäi. Dës Tuyauen hëllefen Iech besser a méi séier z'iwwersetzen. Zéckt net fir no enger Erklärung ze froen – et ass ganz warscheinlech, datt déi aner Dosenden oder Honnerten Iwwersetzer hir Zäit verträntele fir iwwer déi selwecht Sujeten nozedenken.

Um Enn vun der Këscht fir den iwwersaten Text, kënne Knäppercher mat enger Beschrëftung déi mat engem $
(Dollarzeechen) ufänkt, ugewise ginn, z. B. $1
oder $name
. Dëst sinn "Iwwersetzungsvariablen" (tvars). Si gi meeschtens benotzt fir Linken oder aner Zorte vun Text, déi net iwwersat solle ginn. Dir sollt dës Variablen an Ärer Iwwersetzung op déi passend Plaz setzen, entweder andeems Dir op de Knäppche klickt oder se manuell kopéiert / antippt. Se däerfen net an Är Sprooch iwwersat ginn.
Eng lescht Saach wat d'Iwwersetzungshëllef ugeet: wann et Iech fir d'Iwwersetzen hëlleft, wann der den Text an anere Sprooche gesitt, gitt op Astellungen –> Änneren –> Optioune vun der Iwwersetzung a setzt Iech selwer eng oder méi Ënnerstëtzungssproochen bäi.
Traut Iech roueg e puer zousätzlech Iwwersetzungen ze maachen a probéiert déi aner Knäppercher aus. Wann Dir op d'Virschléi oder den "Quelltext apechen" Knäppche klickt, gëtt den Text direkt an d'Textfeld agesat, an alles iwwerschriwwe wat scho virdrun do stoung.
Iwwersetzungs-Vue
Hei si mer nees zeréck, bei der Lëscht vun den net iwwersate Messagen. Wann Dir d'Säit aktualiséiert, misst d'Lëscht elo méi kuerz oder souguer eidel sinn. D'Vue weist Informatiounen, wéi d'Beschreiwung vun der Grupp, awer méi interessant: uewe kënnt Dir d'Sprooch, d'Gruppe vu Messagen a verschidde Message-Filteren auswielen.
All Gruppe vu Message funktionéieren op déiselwecht Manéier, an Dir braucht iech net allze vill Kappzerbrieches driwwer ze maachen. Wichteg ass, datt Dir ëmmer eng Grupp vu Messagen auswielt, fir ze schaffen. Saache wéi d'Statistiken an de Prozentsaz vun deem wat fäerdeg iwwersat ass, ginn um Niveau vun der Grupp vu Message berechent.

Iwwer déi verschidde Vuen an der Läischt ënnen, kënnt Dir op déi Vue wiesselen, déi am beschte gëeegent ass fir Är Aufgab ze maachen, wéi d'Nokucken oder d'Iwwersetze vu ganze Säiten. Ofhängeg vun der Konfiguratioun, misst Dir all oder e puer vun de follgende Vuë gesinn: "Lëscht", "Säit" an "Nokucken". Op der Säit iwwer Qualitéitssécherung fannt Dir méi Detailer iwwer d'Iwwerliese vun den Iwwersetzungen an anere Methoden iwwer d'Qualitéitssécherung.
Am ieweschte rietsen Eck vun der Säit kann och – nieft der Beschreiwung vun der Grupp vu Messagen – de Status vun der Grupp stoen. Dee ka fir all Sprooch vun der Grupp agestallt ginn. Wann Dir eng Dropdown-Lëscht vun de méiglech Statusse gesitt, kënnt Dir en änneren, an Dir sollt d'Lëscht updaten, wann Dir un der Iwwersetzung schafft oder s'iwwerliest. Méi Informatiounen iwwer de Status vum Aarbechtsoflaf fannt Dir op der Säit iwwer de Status vun de Gruppe vu Messagen.
Wichteg Konzepter

Dir wësst elo scho wat eng Grupp vu Messagen ass, an Dir hutt den Iwwersetzungsediteur an d'Hëllefssprooche gesinn. Mëttlerweil hunn d'Iwwersetzungs-Administrateur hiren Tutorial fir d'Iwwersetzung vun enger Säit eventuell schonn ugepasst an de Contenu vun der Fréttinga-Säit g'ännert. Wann den Text, deen iwwersat muss ginn, ännert, gëtt en nees an der Lëscht vun net iwwersate Messagen an och an der Lëscht vun alle Messagen ugewisen.
Wann Dir op vereelzt Messagë stousst, gëtt et zwou Méiglechkeeten. Dir kënnt bestätegen, datt d'Iwwersetzung keng Ännerunge brauch, oder Dir kënnt déi néideg Ännerunge maachen. Messagë kënnen automatesch als vereelzt ugewise ginn, wann eng nei Iwwersetzung gespäichert gouf, wann déi automatesch Kontroll Problemer an der Iwwersetzung fënnt, wéi zum Beispill eng net ausbalancéiert Syntax vun engem Link, wann dat zweet "]
"-Zeeche feelt. Dir kritt och eng Warnung doriwwer, wann Dir am Gaang sidd z'iwwersetzen.
Déi vereelzt Iwwersetzunge si rout markéiert. Wann Dir elo op de Link an der Beschreiwung vun der Grupp vu Messagen klickt fir op d'Iwwersetzungssäit hannescht ze kommen, gesitt Dir do schonn Är Iwwersetzung. Déi meescht vun de Iwwersetzungen déi Dir maacht, ginn direkt applizéiert, mat Ausnam vun e puer Gruppe vu Messagen, wéi z. B. vill vun deenen op translatewiki.net, wou d'Iwwersetzung reegelméisseg a manuell vun den Iwwersetzungs-Administrateuren an déi Software exportéiert gëtt, wou se benotzt gëtt.
E weideren nëtzlechen Tuyau beim Iwwersetze vu Säiten déi iwwersat kënne ginn: "Magesch Wierder" wéi {{FORMATNUM}}
formatéieren d'Ausgab an der iwwersater Sprooch, net an där vum Quelltext. Wann Dir wëllt, kënnt Dir méi doriwwer liesen, wéi magesch Wierder funktionéieren a wéi s'an den Iwwersetzunge sollte benotzt ginn. Et ass awer net néideg et ze liesen.
- E vereelzten oder net kloer definéierte Message: hei gouf drop geklickt, fir d'Ännerungen ze gesinn.
- E Beispill mat Suggestiounen aus dem Iwwersetzungsspäicher. De Prozentsaz weist d'Qualitéit vun der Suggestioun un, an eng Zuel gëtt un, wéi dacks de Virschlag gebraucht gouf. Am Beispill hu mir eis fir dee Virschlag entscheet, deen am dackste gebraucht gouf.
Är Iwwersetzung an eng aner Wiki iwwerdroen
Wann Dir mat Software-Dokumentatioun schafft, iwwersetzt Dir dësen Text warscheinlech, well Dir en iergendanzwousch benotze wëllt. Fir Är Iwwersetzung z'exportéieren, gitt op d'Haapt-Iwwersetzungssäit a klickt op den "Exportéieren"-Tab. Wielt d'Sprooch aus déi Dir wëllt, a kopéiert de Wikitext aus der Këscht. Dir kënnt den Text dann an all Wiki apechen. Dës séier an einfach Method funktionéiert just fir d'Iwwersetzung, net awer fir de Quelltext an der Originalsprooch.
Den Export vum Text an der ursprénglecher Sprooch (op MediaWiki gemenkerhand Englesch) fir en op enger anerer Wiki ze benotzen, ass vill méi komplizéiert.
- Als éischt, maacht d'Säit am Wikitext Editeur op. Dat produzéiert eng URL, änlech wéi dës:
www.mediawiki.org/w/index.php?title=YOUR-PAGE-NAME-HERE&action=edit
. - Zweetens, ännert dës URL manuell, fir esou eng Ënnersäit fir déi gewënscht Sprooch anzesetzen. Wann d'Originalsäit op Englesch ass, da setzt /en hannert den Numm vun der Säit, fir datt d'URL dann
www.mediawiki.org/w/index.php?title=YOUR-PAGE-NAME-HERE/en&action=edit
ass. Dréckt "Enter" fir déi modifizéiert URL déi Dir just erstallt hutt, opzemaachen. - Duerno kënnt Dir de Wikitext ouni d'Iwwersetzungsmarkéierung aus der neier Editiounsfënster kopéieren an an eng aner Wiki apechen.
Jidderee kann en Text exportéieren. Dir braucht keen Iwwersetzer oder Iwwersetzungs-Administrateur ze sinn, fir eng Kopie vun der Iwwersetzung ze kréien.